Jump to content

Evenement:Wiki Loves Monuments Belgium/2026

From Wikimedia Commons, the free media repository
This page is a translated version of a page Event:Wiki Loves Monuments Belgium/2026 and the translation is 98% complete. Changes to the translation template, respectively the source language can be submitted through Event:Wiki Loves Monuments Belgium/2026 and have to be approved by a translation administrator.
Outdated translations are marked like this.
Participation optionsOnline event
Start and end time22:00, 31 August 2026 – 21:59, 30 September 2026
Timezone: +00:00
Number of participants16 participants

Bréissel eroplueden Flandern eroplueden Wallounien eroplueden Lëtzebuerg eroplueden Billerlëscht ISA-Tool Gewënner

Wiki Loves Monuments Belsch a Lëtzebuerg 2026 ass en Deel vum internationale Fotosconcours Wiki Loves Monuments an huet als Zil, historesch Sitten an der Belsch an zu Lëtzebuerg iwwer Wikimedia-Projete wéi Wikimedia Commons, Wikipedia a Wikidata ze dokumentéieren. Jiddereen, deen e Wikimedia-Kont huet, ka matmaachen.

Dir sidd invitéiert, fir tëscht dem 1. an 30. September 2026 Fotoe vu Monumenter an der Belsch an zu Lëtzebuerg eranzereechen. Andeems Dir Är Fotoen am Kader vum Concours eropluet, deelt Dir dëse Kulturierwe mam Rescht vun der Welt. Weider ënnen erkläre mir, wéi ee matmécht, wat fir Präisser et ze gewanne gëtt a wat fir Monumenter eligibel sinn.

Firwat matmaachen?

Logo Wiki Loves Monuments
Logo Wiki Loves Monuments

Wann Dir bei Wiki Loves Monuments matmaacht, dem gréisste Fotosconcours vun der Welt, dann hëlleft Dir Wikipedia fir d'Monumenter an d'Gebaier vum Patrimoine ze dokumentéieren.

Matmaache mécht Spaass! Andeems Dir Fotoe vum Kulturierwe maacht an deelt, gitt Dir méi iwwer de Kulturierwen an der Belsch an zu Lëtzebuerg gewuer. Et ass e flotten Challenge, fir Är fotografesch Fäegkeeten ze verbesseren, an Dir kënnt flott Präisser gewannen.

Dir kënnt och Fotoen, déi Dir eventuell op enger Rees an engem anere Land gemaach hutt, am Kader vum entspriechenden nationale Concours vun deem Land eroplueden.

Wann Dir Fotoe vun immateriellem oder beweeglechem Kulturierwen eropluede wëllt, maacht wgl. bei der Campagne Wiki Loves Heritage Belsch mat, déi och vu Wikimedia Belsch dëse Summer organiséiert gëtt.

Reegele vum Concours

Et gëtt e puer Reegelen, un déi ee sech hale muss. Mir ginn eng Kéier séier doduerch. All Bäitrag soll:

  • Selwer gemaach an eropgeluede gi sinn;
  • Am September 2026 eropluede gi sinn;
  • Wärend dem Eropluede gitt Dir d'Erlabnes, fir d'Bild ënner enger fräier Lizenz weiderzebenotzen;
  • Dir gitt den Identifiant vum Monument un (spezifesch fir d'Regioun);
  • Zënter dem 15. Juli 2016 gëllt an der Belsch d'Panoramafräiheet, och fir permanent ëffentlech Ausstellungen. Dat heescht, datt Dir vun enger ëffentlecher Plaz aus Fotoe maachen däerft.

Do dernieft gëtt et nach eng Rei praktesch Reegelen:

  • Dir sollt eng E-Mail-Adress mat Ärem Wikimedia-Kont verknëppt hunn, fir datt mir Iech kontaktéiere kënnen, falls Dir gewonnen hutt;
  • Mellt Iech wgl. un, andeems Dir op de Umeldungsknäppchen uewe riets op dëser Säit klickt;
  • Wann eng Foto aus iergendengem Grond geläscht gëtt, ass se fir de Concours disqualifizéiert;
  • Dir sidd responsabel, fir Iech beim Maachen an Eropluede vun de Fotoen un d'Gesetzer an eventuell lokal Aschränkungen ze halen.

National Präisser

Fotoen, déi am Kader vu Wiki Loves Monuments Belsch a Lëtzebuerg eragereecht goufen, ginn automatesch och am Kader vum Concours Wiki Loves Heritage Belsch evaluéiert. Déi zwéi Concoursen deele sech d'Präisgelder.

Am Oktober wäert den nationale Jury d'Fotoen evaluéieren an déi bescht 10 Fotoe vu Monumenter an der Belsch oder zu Lëtzebuerg eraussichen, fir se an d'international Finall weiderzeginn.

Den internationale Jury wäert da fir den 1. Dezember 2026 déi international Gewënner eraussichen.

Evaluatiounskrittären

Fotoen, déi an der internationaler Ronn Top-Bewäertunge kréien, erfëllen am Allgemengen d'Krittäre fir exzellent Biller. Fotoe ginn op Basis vun de follgende Krittären evaluéiert:

  • technesch Qualitéit (Mindestopléisung, Schäerft, Asaz vum Liicht, Perspektiv asw.);
  • Originalitéit;
  • Nëtzlechkeet vun der Foto fir Wikipedia.

Eroplueden

Dir musst d'Foto jee no Regioun vum Monument an déi entspriechend Ënnercampagne eroplueden:

Lokal Kontakter

Méi Informatiounen