File:Stolperstee Renée Hayum-Meyer, 6, rue de la Gare, Réimech-101.jpg

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to navigation Jump to search

Original file(1,458 × 1,289 pixels, file size: 1.65 MB, MIME type: image/jpeg)

Captions

Captions

Add a one-line explanation of what this file represents

Summary[edit]

Description
Lëtzebuergesch: Vrum Krich hunn zu Réimech fënnef jüddesch Famille gewunnt. Dräizeng Mënsche vun hinne goufen ëmbruecht, nëmme fënnef hunn den Holocaust iwwerlieft - alleguerte ware si Affer deene bis dohi vun offizieller Säit net geduecht gouf. Dofir huet d'Stad Réimech als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" de 24. Juni 2016 fir déi Doudeg siwwenzéng Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss.

D'Stad Réimech, de Buergermeeschter Henri Kox, d'Membere vum Schäffen- a Gemengerot an aacht Lokalassociatiounen hunn de Parrainage vun dëse Steng iwwerholl. Den nämmlechten Dag huet d'Gemeng dann och an Zesummenaarbecht mat der asbl MemoShoah Lëtzebuerg eng Plaz fir d'Affer vun der Shoah ageweit. Domat ass Réimech déi éischt Uertschaft am Land déi sou ausdrécklech hir fréier jüddesch Awunner éiert.

  • D'Famill Meyer-Kahn huet op Nr 6 an der Rue de la Gare gewunnt wou se e Véihandel bedriwwen hunn. Den Herrmann Meyer, 1870 zu Wawern bei Prüm gebuer, ass 1932 zu Rémech gestuerwen. D'Fanny Meyer-Kahn, 1878 zu Bus gebuer, gouf de 16.Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, vu wou si op Auschwitz koum, wou si 1944 ermuert gouf. d'Koppel hat dräi Kanner: De Jules, den Arthur an d'Renée.
  • De Jules, 1906 zu Réimech gebuer, ass 1927 a Frankräich op Vitry-le-François ausgewandert an do 1991 gestuerwen.
  • Den Arthur, 1909 zu Réimech gebuer, war mat der Caroline Kahn vu Miedernach verlobt. Hie gouf de 16.Oktober 1941 zesumme mat senger Mamm an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert an duerno an d'Vernichtungslager Chelmno, wou hien an engem Gascamion ermuert gouf.
  • Um nämmlechten Transport war och seng Schwester Renée, 1914 zu Réimech gebuer. Duerno koum si op Auschwitz a gouf do 1944 ermuert.
  • De Leo Hayum, 1907 zu Kirf bei Tréier gebuer war mat der Renée Meyer bestuet an hat ee Liederhandel. Och hie gouf de 16. Oktober 1941 an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou hie qualvoll gestuerwen ass.
  • Den Heinz Joseph, 1925 zu Laufersweiler am Hunsrück gebuer, war en Neveu vum Leo Hayum. Hien ass 1938 op Lëtzebuerg bei d'Famill op Réimech geflücht. De 16. Oktober 1941 gouf hien an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Hien huet e puer Lageren, ë.a. Auschwitz a Bergen-Belsen iwwerlieft. Den Heinz Joseph ass 2002 an den USA gestuerwen.
E grousse Merci un den Norbert Lindenlaub fir seng Recherchen zu den eenzelne Familljegeschichten.
Date
Source Own work
Author Jwh
Camera location49° 32′ 43.94″ N, 6° 21′ 55.21″ E Kartographer map based on OpenStreetMap.View this and other nearby images on: OpenStreetMapinfo

Licensing[edit]

Jwh at Wikipedia Luxembourg, the copyright holder of this work, hereby publishes it under the following license:
w:en:Creative Commons
attribution share alike
This file is licensed under the Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg license.
Attribution: Jwh at Wikipedia Luxembourg
You are free:
  • to share – to copy, distribute and transmit the work
  • to remix – to adapt the work
Under the following conditions:
  • attribution – You must give appropriate credit, provide a link to the license, and indicate if changes were made. You may do so in any reasonable manner, but not in any way that suggests the licensor endorses you or your use.
  • share alike – If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same or compatible license as the original.

File history

Click on a date/time to view the file as it appeared at that time.

Date/TimeThumbnailDimensionsUserComment
current00:34, 28 June 2016Thumbnail for version as of 00:34, 28 June 20161,458 × 1,289 (1.65 MB)Jwh (talk | contribs)VicuñaUploader 1.23

File usage on other wikis

The following other wikis use this file:

Metadata