File:Stolperstee Roger Herrmann, 4, rue Dauvelt Réimech-101.jpg

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to navigation Jump to search

Original file(1,466 × 1,289 pixels, file size: 1.54 MB, MIME type: image/jpeg)

Captions

Captions

Add a one-line explanation of what this file represents

Summary[edit]

Description
Lëtzebuergesch: Vrum Krich hunn zu Réimech fënnef jüddesch Famille gewunnt. Vun hinne goufen dräizeng Leit ëmbruecht, nëmme fënnef hunn den Holocaust iwwerlieft - alleguerte ware si Affer deene bis dohi vun offizieller Säit net geduecht gouf. Dofir huet d'Stad Réimech als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" de 24. Juni 2016 fir déi Doudeg siwwenzéng Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss.

D'Stad Réimech, de Buergermeeschter Henri Kox, d'Membere vum Schäffen- a Gemengerot an aacht Lokalassociatiounen hunn de Parrainage vun dëse Steng iwwerholl. Den nämmlechten Dag huet d'Gemeng dann och an Zesummenaarbecht mat der asbl MemoShoah Lëtzebuerg eng Plaz fir d'Affer vun der Shoah ageweit. Domat ass Réimech déi éischt Uertschaft am Land déi sou ausdrécklech hir fréier jüddesch Awunner éiert.

  • D'Famill Herrmann-Kahn hat e Véihandel an huet op Nr 4 an der Rue Dauvelt gewunnt. Den Heinrich Herrmann, 1879 zu Oberemmel bei Konz gebuer, gouf zu Cinqfontaines internéiert an ass duerno op Theresienstadt deportéiert ginn. Hie gouf 1944 ermuert. Seng Fra, d'Klara Herrmann-Kahn, 1882 zu Gréiwemaacher gebuer, koum och op d'Pafemillen, duerno op Theresienstadt an Auschwitz, wou se 1944 ermuert gouf. D'Koppel hat zwéi Jongen:
  • De Myrtil, 1912 zu Réimech gebuer an och hei an d'Schoul gaang. Hie gouf de 16.Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. 1945, am Abrëll, e puer Deeg vrun der Befreiung duerch d'Rout Arméi, gouf hien am KZ Bergen-Belsen ëmbruecht.
  • De Roger, 1920 zu Réimech gebuer, hat eng Metzleschléier gemaacht. Zesummen mat sengem Brudder koum hien op Litzmannstadt. Hien huet den Holocaust iwwerlieft an ass spéider no den USA ausgewandert wou hien 1969 bei engem Accident ëmkoum.
E grousse Merci un den Norbert Lindenlaub fir seng Recherchen zu den eenzelne Familljegeschichten.
Date
Source Own work
Author Jwh
Camera location49° 32′ 44.63″ N, 6° 22′ 06.44″ E Kartographer map based on OpenStreetMap.View this and other nearby images on: OpenStreetMapinfo

Licensing[edit]

Jwh at Wikipedia Luxembourg, the copyright holder of this work, hereby publishes it under the following license:
w:en:Creative Commons
attribution share alike
This file is licensed under the Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg license.
Attribution: Jwh at Wikipedia Luxembourg
You are free:
  • to share – to copy, distribute and transmit the work
  • to remix – to adapt the work
Under the following conditions:
  • attribution – You must give appropriate credit, provide a link to the license, and indicate if changes were made. You may do so in any reasonable manner, but not in any way that suggests the licensor endorses you or your use.
  • share alike – If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same or compatible license as the original.

File history

Click on a date/time to view the file as it appeared at that time.

Date/TimeThumbnailDimensionsUserComment
current21:02, 28 June 2016Thumbnail for version as of 21:02, 28 June 20161,466 × 1,289 (1.54 MB)Jwh (talk | contribs)VicuñaUploader 1.23

File usage on other wikis

The following other wikis use this file:

Metadata