File:Stolperstee Rosel Kaufmann , 15 rue de la Grève nationale, Déifferdeng-101.jpg

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to navigation Jump to search

Original file(856 × 830 pixels, file size: 837 KB, MIME type: image/jpeg)

Captions

Captions

Add a one-line explanation of what this file represents

Summary[edit]

Description
Lëtzebuergesch: Nodeems den däitsche Kënschtler Gunter Demnig den 28. Oktober 2014 scho 15 Stolpersteng zu Déifferdeng verluecht hat, koum hien de 5. November 2015 zréck fir weider 23 "Miniaturdenkmaler" vrun de leschte bekannte Wunnenge vun Naziaffer zu Déifferdeng, Fuussbann, Nidderkuer an Uewerkuer ze errichten. De Parrainage gouf vu Lokalassociatiounen iwwerholl.

Den Alfred Kaufmann, Joergang 1895, kënnt am Januar 1939 mat senger Fra Caroline (gebuere Bonem), Joergang 1899 a senger Duechter Rosel, Joergang 1927, op d'Déifferdeng wou hien an der Famill vu sengem Schwoer Levy-Bonem opgeholl gëtt. Si hu missen hir Heemecht zu Winnenden bei Stuttgart verloossen nodeems en "Arier" sech hir Wunneng ënner den Nol gerappt hat an dem Alfred Kaufmann mam Aarbechtslager gedreet gouf, sollt hien net stante pede Däitschland verloossen.

D'Friemepolice zu Lëtzebuerg ass net grad begeistert iwwer hir Demande sech hei néierrzeloossen, a verlaangt mol gläich eng Bankgarantie vun 104.000,- Frang. Dem Alfred Kaufmann, vu Beruff Véihändler, seng Demande fir e klenge Bauerenhaff ze pachten gëtt vum Ministère de la justice refuséiert.

Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, flücht d'Famill a Südfrankräich wou se ënner Hausarrest gestallt gëtt. Den 28. August 1942 gi se bei enger Groussrazzia vun der Vichy-Police festgeholl. Iwwer de Camp vu Drancy gi si den 2. September 1942 op Auschwitz verschleeft wou se ëmbruecht ginn.

Parrainage: Union des femmes luxembourgeoises.
Date
Source Own work
Author Jwh
Camera location49° 31′ 25.71″ N, 5° 53′ 21.71″ E Kartographer map based on OpenStreetMap.View this and other nearby images on: OpenStreetMapinfo

Licensing[edit]

Jwh at Wikipedia Luxembourg, the copyright holder of this work, hereby publishes it under the following license:
w:en:Creative Commons
attribution share alike
This file is licensed under the Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg license.
Attribution: Jwh at Wikipedia Luxembourg
You are free:
  • to share – to copy, distribute and transmit the work
  • to remix – to adapt the work
Under the following conditions:
  • attribution – You must give appropriate credit, provide a link to the license, and indicate if changes were made. You may do so in any reasonable manner, but not in any way that suggests the licensor endorses you or your use.
  • share alike – If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same or compatible license as the original.

File history

Click on a date/time to view the file as it appeared at that time.

Date/TimeThumbnailDimensionsUserComment
current15:52, 31 December 2015Thumbnail for version as of 15:52, 31 December 2015856 × 830 (837 KB)Jwh (talk | contribs)VicuñaUploader 1.22

File usage on other wikis

Metadata